Vun haut bis de 6. November presentéiere mir eng Rei Reportagen iwwer déi grouss Enjeue vun de Midterm-Wahlen an den USA. Déi amerikanesch Ekonomie wiisst vu Joer zu Joer méi séier wéi an deene leschten 13 Joer.
D'Amerikaner gi méi Suen aus. De Chômage ass ëmmer méi niddreg. Aarbechtsplaze gi geschaaft. D'Ekonomie vum Donald Trump boomt. Entreprisen déi dovu profitéieren soen dem Trump Merci.
De Philippe Crowther op de wirtschaftlechen Opschwong an den USA.