Meeschtens, virun enger Wahl, sief et fir e President oder fir den amerikanesche Kongress, gëtt eng ganz einfach Fro gestallt: geet et iech ekonomesch besser oder méi schlecht, wéi nach virun zwee Joer? D'Äntwert no zwee Joer Trump-Regierung ass e klore Jo, an deene meeschte Secteure vun der amerikanescher Ekonomie.
Besonnesch an der Industrie ginn Aarbechtsplaze geschaaft an zwar méi séier wéi an deene leeschten 30 Joer. Mee ass et dem Trump säi Verdéngscht oder ass et weiderhin eng Ekonomie, déi no aacht Joer Obama natierlech weider wiisst?
Eng Reportage vun eisem Korrespondent Philip Crowther virun de Midterm-Wahlen an den USA den Dënschdeg.