DP, LSAP an déi gréng hunn hire Koalitiounsaccord dës Woch fäerdeg verhandelt. D'Haaptmesuren, déi fir d'Joren 2018 bis 2023 geplangt sinn, goufe gëschter Mëtteg presentéiert, vum Regierungsformateur a vun de Responsabele vun den dräi Verhandlungsdelegatiounen. Eng schrëftlech Versioun vum Koalitiounsaccord soll eréischt e Méindeg publizéiert ginn.
Virgestallt goufe gëschter eng Partie Eenzelmesuren aus deene verschiddenste Politikberäicher. Vill Detailer dozou feelen nach.
De Serge Kesseler mat engem Iwwerbléck vu Moossnamen, déi an den nächste fënnef Joer solle kommen.