Déi nei Regierung - déi zweet DP-LSAP-Déi Gréng Regierung - soll d'nächst Woch vum Grand-Duc vereedegt ginn. D'Verhandlungen tëschent den dräi Parteie fir e Koalitiounsaccord goufe schonn dëse Mëttwoch ofgeschloss, liicht éischter wéi geplangt.
Éischt Mesuren doraus goufen en Donneschden op enger Pressekonferenz presentéiert, vum Formateur Xavier Bettel a vun den dräi Verhandlungscheffe Corinne Cahen, Etienne Schneider a Félix Braz.