D'LSAP soll an d'Regierung goen: dat gouf gëschter am Centre Barblé zu Stroossen decidéiert. D'Parteigremien hu mat däitleche Majoritéite fir de Regierungsprogramm gestëmmt a fir déi sechs Leit, déi de Mëtteg am Palais als LSAP-Ministere vereedegt wäerte ginn. Dorënner sinn déi béid Fraen Taina Bofferding a Paulette Lenert, déi allebéid nei an d'Regierung kommen.
Um laangen LSAP-Kongress zu Stroossen goufen et 20 Wuertmeldungen: kritesch Téin koume wéi erwaart vun de Vertrieder vun de Jongsozialisten. De Serge Kesseler mam Resumé vun den Aussoe gëschter bei der LSAP.