Kultur
E Liewen am Theater
De Fernand Fox dierf wuel deene meeschte Lëtzebuerger e Begrëff sinn, sief dat duerch seng Filmrollen, seng sëllegen Theaterrollen, Lëtzebuerger Owender, seng Lidder, segn Theaterstiffchen an der Stad, seng Reklammen mam Marc Olinger fir eng grouss Assurance oder och nëmmen duerch seng eenzegarteg Stëmm. De Fernand Fox huet ouni Zweiwel den Theater zu Lëtzerbuerg markéiert, sief dat duerch seng lëschteg Rollen, oder och spéider duerch eescht rollen zesumme mam vill ze fréi verstuerwenen Tun Deutsch, an do brauch een just d'"Emigranten" ze ernimmen. Haut op den kritt de Fernand Fox 85 Joer, en ass de 26 Januar 1934 zu Iechternach op d'Welt komm, an dat ass eng Occasioun un den "Foxe Fern" ze denken. De Jean Claude Majerus erënnert an de nächste Minutten un de Fernand Fox