arrow_back_ios
Fräie Mikro
D'Bedeelegung vun den Auslänner bei de Wahlen
Viru Kuerzem huet de CEFIS eng Etüd presentéiert, wéi vill Auslänner sech an d'Wielerlëschte fir d'Gemengewahle vun 2017 agedroen haten, wie virun allem vun deem Recht Gebrauch gemaach huet a wat fir Aktioune si am beschte motivéiert haten. Fir d'Europawahlen de 26. Mee vun dësem Joer, wou d'Gefor besteet, datt nationalistesch Parteie ganz staark ginn, bleift nach Sputt no uewen. De Michel Pauly, President vun der Asbl CEFIS, kommentéiert am Fräie Mikro d'Resultater vun dëser Etüd.