An Zukunft sollen d'Patiente keng Sue méi musse virstrecken, wa si an eng Consultatioun bei den Dokter ginn. Fir vill Stéit, déi net vum Tiers-Payant social konnte profitéieren, gëtt dat eng Entlaaschtung.
De generaliséierten Tiers Payant gëtt 2023 Realitéit, dat sot den Sozialminister Romain Schneider no der Quadripartite. Detailer mam Carole Schimmer.