Haut Freideg geet et weider an der Impeachment-Prozedur géint den Donald Trump. Et ass elo un der Rei vum fréieren amerikaneschen Ambassadeur an der Ukrain fir ëffentlech ze temoignéieren. E Mëttwoch koum et jo zu Washington zu den éischten ëffentlechen Temoignagen. Zwee héich Offizieller aus dem Ausseministère hu beschriwwen, wéi de President militäresch Hëllef un d'Ukrain wollt stoppen, am Echange géint eng Enquête géint säi politesche Géigner Joe Biden. Eise Washington-Korrespondent Philip Crowther huet méi Detailer.
arrow_back_ios
Aktuelles
Suite Impeachment-Prozedur géint Donald Trump
Episoden
Wat ännert mam Handyverbuet an der Grondschoul?
Mir hu bei verschiddenen Acteuren nogefrot.
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
