Klima a Finanzen - dat waren déi zwee Haaptsujeten vun der Aarbechtsvisitt vun der neier EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen gëschter beim Premier Xavier Bettel. Déi zwee Dossieren hänken enk zesummen, well der Kommissioun hire "Green Deal", vun deem haut Detailer presentéiert ginn, just ka geléngen, wann d'Finanzéierung klappt. Déi hänkt vum europäesche Finanzkader fir d'Joren 2021 bis 2027 of. An do si sech d'Länner guer net eens. Detailer vum Michèle Sinner.
arrow_back_ios
Aktuelles
"Green Deal" a Finanzkader
Episoden
Wat ännert mam Handyverbuet an der Grondschoul?
Mir hu bei verschiddenen Acteuren nogefrot.
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
