KBL European Private Bankers gëtt Quintet. An der Nuecht ass de Logo um Gebai um Boulevard Royal ausgetosch ginn. Mat deem neien Numm wëllt d'Bank, déi 1949 zu Lëtzebuerg gegrënnt gouf, en neien Ulaf huele fir hir Aktivitéiten auszebauen. Dofir, heescht et an engem Communiqué vun der Bank, géifen bedeitend Investitiounen gemaach ginn. An engem Interview mat der Financial Times sot den Responsabele fir d'Verméigensverwaltung Jakob Stott, et géif een 100 nei Mataarbechter fir de Clientskontakt fir de Grupp rekrutéieren. Deen huet den Ament Banken a fënnef aneren europäesche Länner a wëllt elo Aktivitéiten a Latäinamerika, dem Mëttleren Osten, an Asien souwéi a Süd- an Ostafrika opbauen. De Grupp Quintet beschäftegt eppes iwwer 800 Mataarbechter hei zu Lëtzebuerg an ronn 2.000 Leit am ganze Grupp. Detailer Michèle Sinner.
arrow_back_ios
Aktuelles
Aus KBL European Private Bankers gëtt Quintet
Episoden
Wat ännert mam Handyverbuet an der Grondschoul?
Mir hu bei verschiddenen Acteuren nogefrot.
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
