Duerch déi nei Ofgasnormen, déi den 1. Mäerz a Kraaft trieden, ginn d'Firmeween méi héich besteiert. Dat well vill Autoen duerch déi méi realistesch Normen a méi eng héich CO2-Kategorie rutschen, déi bei der Besteierung vum Avantage en nature spillt. De Leasing-Secteur rechent dowéinst mat Ëmsaz-Abousse vun op d'mannst 370 Milliounen Euro, well virun allem Frontalieren da léiwer méi Pai wéilten, fir sech doheem en Auto ze kafen. Dem Klima wier domat awer net gedéngt. De Mobilitéitsminister nennt dat eng "Mëllechmeedcherechnung". D'Michèle Sinner mat Hannergrënn.
arrow_back_ios
Aktuelles
Nei Ofgasnorme fir Autoen
Episoden
Wat ännert mam Handyverbuet an der Grondschoul?
Mir hu bei verschiddenen Acteuren nogefrot.
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
