Dëst Joer mécht Lëtzebuerg fir déi éischte Kéier beim Rendez-vous aux jardins mat, eng europäesch Initiativ bei där Privatpersounen an Organisatiounen hir Gäert fir de Public opmaachen an dat eventuell och mat kënschtleresche Presentatioune verbanne kennen. De Rendez-vous ass vum 5. bis de 7. Juni an et kann ee sech bis den 20. Abrëll iwwer Mail un jardin.luxembourg@mc.etat.lu umellen. De Pit Walté huet mam Robert Philippart, dem Coordinateur fir den natierleche Patrimoine beim Kulturministère, iwwer de Projet geschwat.
arrow_back_ios
Aktuelles
De Rendez-vous aux jardins
Episoden
Wat ännert mam Handyverbuet an der Grondschoul?
Mir hu bei verschiddenen Acteuren nogefrot.
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
