D'Klimakäschte wieren am niddregsten, wann d'Äerderwiermung weltwäit op zwee Grad begrenzt gëtt. Dat ass d'Conclusioun vun enger rezenter Etüd, déi d'Käschte vum Klimaschued mat de Käschte vum Klimaschutz verglach huet. D'Zwee-Grad-Zil vum Paräisser Klimaaccord wier deemno net nëmme politesch, mee och ekonomesch am sënnvollsten, sou den Auteur Anders Levermann vum Potsdam-Institut fir Klimafolgefuerschung. Am Gespréich mam Rahel Könen erkläert de Klimawëssenschaftler, datt d'Analys vun de Klimakäschte sech op d'Relatioun tëschent Temperatur a wirtschaftlechem Wuesstum baséiert.
arrow_back_ios
Aktuelles
Klimafuerschung: Zwee-Grad-Zil wier ekonomesch am sënnvollsten
Episoden
Wat ännert mam Handyverbuet an der Grondschoul?
Mir hu bei verschiddenen Acteuren nogefrot.
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
