D'Regierung hat e Méindeg en Opruff gemaach u Professioneller aus dem Gesondheetswiesen a Fräiwëlleger, fir sech anzeschreiwe fir op verschidde Plazen am Kampf géint d'Corona-Pandemie ze hëllefen. Den Hendrik Kühne ass ee vun deenen, déi dësem Appell nokomm sinn. Hien ass zanter en Dënschdeg Deel vun der fräiwëlleger Ekipp am neie Centre de soins avancés an der Luxexpo um Kierchbierg. De geléierte Politolog huet dem Paule Rodesch gezielt, wéi säin Alldag an deem neien Zenter ausgesäit.
arrow_back_ios
Aktuelles
Benevole am CSA um Kierchbierg
Episoden
Wat ännert mam Handyverbuet an der Grondschoul?
Mir hu bei verschiddenen Acteuren nogefrot.
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
