D'Erëmaféierung vu Grenzkontrollen an Europa wéinst der Corona-Pandemie bedeit fir d'Camionschauffere laang Waardezäiten. Een anere Problem si Raststätten, déi hir Toiletten an Duschen zougemaach hunn.
Esou beschreift de Pitt Ney d'Situatioun dëser Deeg uechter Europa: hie betreit grouss Clientë bei der Entreprise Wallenborn Transports S.A. De Serge Kesseler huet mam Manager iwwer déi aktuell Erausfuederungen am Transport- a Logistik-Secteur geschwat.