D'Erfuersche vu Läichen huet an de leschte Joren ëmmer méi ofgeholl. Ma kéint sech dëst wéinst der Covid-19-Kris erëm veränneren? Anescht wéi an eisen Nopesch-Länner gouf bis elo zu Lëtzebuerg nach keng Obduktioun un engem Covid-19-Verstuerwene duerchgeféiert. Trotzdeem stinn d'Pathologen an d'Geriichtsmedeziner aus dem LNS heivir prett. Mee wéi eng Bedeitung kéinten d'Autopsië fir d'Erfuersche vun der Longekrankheet hunn? An a wéi enge Fäll mécht et Sënn Obduktioune duerchzeféieren? D'Rahel Könen huet beim Chef vum nationalen Zentrum fir Pathologie, dem Dokter Michel Mittelbronn, nogefrot.
arrow_back_ios
Aktuelles
"Da muss man abwägen: Risiko gegen Nutzen"

Episoden
Wat ännert mam Handyverbuet an der Grondschoul?
Mir hu bei verschiddenen Acteuren nogefrot.
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
