Areesstopp, Preventivmoossnamen oder Precautiounsmesurë sinn nëmmen dräi Beispiller vu Wierder, bei deenen ee gären zweemol hikuckt, fir sécher ze sinn, wéi se orthografesch richteg geschriwwe ginn. Als Gestionnaire vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (www.lod.lu) gesäit den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) et als seng Aufgab un, de virusbedéngte sproochleche Wandel an der Gesellschaft ze begleeden an déi siichtbar Verännerungen am Wuertschatz ze dokumentéieren. Am neie Covid-19-Glossaire fannt Dir deemno eng grouss Wuertlëscht ëm d'Theemefelder Coronavirus a Covid-19-Pandemie. Den Alexandre Ecker vum ZLS erkläert, wéi dëse Glossaire opgestallt ass.
arrow_back_ios
Aktuelles
Covid-19-Glossaire um Lëtzebuerger Online Dictionaire (lod.lu)
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow

Episoden
Wat ännert mam Handyverbuet an der Grondschoul?
Mir hu bei verschiddenen Acteuren nogefrot.
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
