Haut um 12. Mee ass d'Journée international des Infirmières et Infrimiers. An datt den 12. Mee gewielt gouf, ass och net vu Muttwëll, well den 12. Mee ass de Gebuertsdag vun der Florence Nightingale, am Fong der Mamm vun der moderner Krankefleeg. D'Florence Nightingale gouf haut op den Dag virun 200 Joer, de 12. Mee 1820 gebuer. Et hätt ee sech kéinte virstellen, datt der Fondatrice vun der Krankefleeg, wéi ee si haut och nach kennt, hire Gebuertsdag ënner aneren Konditiounen ze feieren. Mee grad déi aktuell Corona-Kris huet gewisen, wéi wichteg d'Krankefleeg ass, wéi vill déi Leit och dobaussen um Terrain Dag fir Dag leeschten.
arrow_back_ios
Aktuelles
Internationalen Dag vun den Infirmièren an Infirmieren
Episoden
Wat ännert mam Handyverbuet an der Grondschoul?
Mir hu bei verschiddenen Acteuren nogefrot.
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
