Datt den Äerdobservatiounssatellit Luxeosys géif méi deier gi wéi 170 Milliounen Euro, war virum Vott an der Chamber gewosst. Dat hunn de fréieren Direkter vun der Défense, Patrick Heck, an den zoustännege Beamte fir de Projet, Geoffroy Beaudot, der Budgetskontrollkommissioun gëschter confirméiert. Fir si wier kloer gewiescht, datt dee Budget just géif duergoen, fir d'Investitioun an de Satellit ze bezuelen. Net fir d'Fonctionnementskäschten ze decken, an dofir hätt een dat och net an d'Gesetz drageschriwwen, hu si den Deputéierten erkläert. Esou wier dat och bei anere Militärprojeten, wéi dem Kaf vun Dingo-Gefierer oder dem Fliger A400M gewiescht. D'Deputéiert vun der Oppositioun hunn déi Erklärungen net akzeptéiert. D'Michèle Sinner mat Detailer.
arrow_back_ios
Aktuelles
Luxeosys: 170 Milliounen Euro just fir d'Investitiounen
Episoden
Wat ännert mam Handyverbuet an der Grondschoul?
Mir hu bei verschiddenen Acteuren nogefrot.
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
