Den 1. Juli iwwerhëlt Däitschland fir en halleft Joer d'Presidence vum EU-Conseil. Als eng vun de Prioritéite fir déi Period huet Däitschland sech d'Reform vum europäeschen Asylsystem virgeholl. Déi Aufgab dierft awer kaum bannent engem hallwe Joer geléist sinn. D'Reform ass scho bekannt ënner dem Kierzel GEAS. D'Konzept, dat Däitschland proposéiert, gesäit ënner anerem e Screening vun den Asyldemandeuren un den EU-Baussegrenze vir. Mee wéi gesäit et do aus? D'Alkyone Karamanolis werft e Bléck op Griichenland an dësem Kontext.
arrow_back_ios
Aktuelles
Reform vum europäeschen Asylsystem
Episoden
Wat ännert mam Handyverbuet an der Grondschoul?
Mir hu bei verschiddenen Acteuren nogefrot.
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
