D'Zil vun dëser Campagne ass et, de Leit déi einheimesch Landschaften, Déier- a Planzenwelt op eng spannend a lieweg Manéier méi no ze bréngen. D'Editioun 2020 vun "En Dag an der Natur" besteet aus iwwer 300 Aktivitéiten, déi vun iwwer 100 Organisateure zusammengestallt goufen. Am Kader vun der Corona-Pandemie hu vereenzelt Aktivitéiten natierlech missten ofgesot ginn, ma et bleiwen der awer nach ëmmer eng jett iwwereg, déi ouni Bedenken bis an den August nach ze genéisse sinn. De ganzen, aktualiséierte Programm kann iwwer den Nummer (+352) 290404-1 bestallt ginn, oder ass op www.naturemwelt.lu erëmzefannen. D'Sabrina Schaul vun natur&ëmwelt mat Detailer.
arrow_back_ios
Aktuelles
300 Aktivitéiten am Kader vun "En Dag an der Natur"
Episoden
Et ass nees esouwäit
Vun e Samsden op e Sonnden gëtt d’Zait nees em eng Stonn zréck geréckelt. D’ Julie Hoffmann war bei d'Leit nofroen wat si vun der Zäitëmstellung halen.
Ënnerwee op der Nuit des Musées
Den 10. Oktober war déi 25. Editioun vun der Nuit des Musées.
Kaffi: Fir vill Leit net ewechzedenken
Fir vill Leit gehéiert de Kaffi zum Alldag. Mee bis en an eiser Taass lant, huet en e laange Wee hannert sech.
Éier d'Schueberfouer d'Dieren opmécht
Laang éier déi éischt Visiteuren iwwert d'Schueberfouer lafen, gëtt um Site scho fläisseg geschafft, datt déi verschidde Spiller an Attraktioune prett a sécher fir den Dag sinn.
Impressioune vun der Journée du Portugal
De 6. Juni war zu Diddeleng d'Journée du Portugal. An dem Kader war och de Portugisesche President AntonioJosé Seguro op der Plaz. Mir hunn e puer Impressiounen agefaangen.