E Méindeg elo huet d'Stater Cinémathéik hir Dieren nees opgemaach, an den Owend ass d'Equipe vun der Cinemathéik mat der nächster Initiativ um Dill, nämlech dem "Drive- a Walk-In-Cinema" um Glacis. Haut den Owend geet et um hallwer 10 lass mam éischte Film an zwar dem Todd Phillips säin Oscar-priméiert Wierk "JOKER" mam Joaquin Phoenix an der Haaptroll. A bis den 1 August steet all Owend ee Film op der Affiche, an et ass fir jiddereen eppes derbäi. Detailer mam Jean Claude Majerus
arrow_back_ios
Aktuelles
"Drive a Walk-In-Cinema" um Glacis

Episoden
Wat ännert mam Handyverbuet an der Grondschoul?
Mir hu bei verschiddenen Acteuren nogefrot.
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
