An der Coronavirus-Kris steieren d'USA op en neien traurege Rekord zou. An deenen nächsten Deeg schonn dierft et zu am Ganze fënnef Millioune Fäll kommen, bei Wäitem déi meescht an engem eenzele Land. De Covid-19 hat natierlech e groussen Impakt op den amerikaneschen Alldag, mee och op de Walkampf virun de Presidentschaftswalen Ufank-November.
Doriwwer schwätzt de Simon Larosche mat eisem Washington-Korrespondent Philip Crowther.