De Parteikongress vun der Demokratescher Partei an den USA ass a vollem Schwong, mee et gesäit an héiert sech dach anescht u wéi an anere Joren. Wéinst der Coronavirus-Pandemie gëtt wärend véier Deeg all Owend zwou Stonne laang e virtuelle Parteidag gesent, Publikum an Applaus gëtt et keen.
Eise Korrespondent Philip Crowther ass zu Wilmington, am Staat Delaware, fir dëse Kongress matzëerliewen.