No engem schwierege Saisonsstart fäerten d'Lëtzebuerger Campingen ëm hir Zukunft. Déi vill Annulatiounen, virop aus den Nopeschlänner Däitschland an der Belsch, wäerten op laang Dauer en negativen Impakt op déi ronn 80 Campingen hei am Land hunn, erkläert d'Linda Gedink, Generalsekretärin vun der Federatioun Camprilux. Vill Clienten hätten no hirer Annulatioun e Bong kritt, fir en Acompte, dee si d'nächst Joer aléise kënnen. D'Sue vum Bong géifen dann dat nächt Joer an de Keese vun de Campinge feelen, esou d'Linda Gedink. Et wier allerdéngs nach ze fréi fir ee méi prezise Bilan ze zéien. D'Maxi Pesch mat Detailer.
arrow_back_ios
Aktuelles
Schwéier Zäite fir d'Campingen
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
