Bei der Stëmm vun der Strooss zu Esch ass d'Gebai fir Corona-Zäiten ze kleng: De Restaurant kann do keen Iesse méi dobannen zerwéieren, well net genuch Plaz ass fir Distanz anzehalen. Dofir gëtt d'Iessen duerch Fënsteren eraus op den Trottoir verdeelt. Mee wat geschitt am Wanter, wann et ze kal gëtt fir déi Betraffen, dobaussen ze iessen? D'Stëmm vun der Strooss zu Esch huet laang no enger alternativer Plaz dobanne gesicht an elo och eng Méiglechkeet fonnt. De Reportage vum Pierre Reyland
arrow_back_ios
Aktuelles
Stëmm vun der Strooss Esch: Gebai ze kleng, fir dobannen ze iessen
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
