Och an de leschte Méint hunn - trotz Covid - vill Leit zu Lëtzebuerg eng Wunneng oder een Haus gesicht, an d'Aktivitéiten am Secteur si manner staark gefall wéi erwaart. Dat huet den Observatoire de l'habitat vum LISER erausfonnt. Donieft hu Chercheure vum Institut berechent, wéi vill de Logement an de leschte Jore bei de Menage finanziell an d'Gewiicht gefall ass. D'Resultat iwwerrascht kaum: virun allem sozial schwaach Gruppe leiden ënnert de Präisser an de sougenannten Taux d'effort vun de Leit ass ëmmer méi héich ginn. E Bäitrag vum Christiane Kleer.
arrow_back_ios
Aktuelles
Logement: Demande weider héich - trotz Covid
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
