Trotz der Corona-Kris gëtt sech an Éisträich op d'Schisaison virbereet. "Skivergnügen ja, aber ohne Après-Ski."; esou huet de Bundeskanzler Sebastian Kurz d'Devise fir dëse Wanter erausginn ... an dat net ouni Grond. Am Mäerz dëst Joer hu sech vill Touristen an enger Après-Ski-Bar an der beléifte Wantersport-Uertschaft Ischgl mam Coronavirus ugestach an en duerno duerch ganz Europa gedroen. An deem Kader huet kierzlech eng Expertekommissioun an Éisträich souwuel de lokale, wéi den nationalen Autoritéite schwéier Virwërf gemaach. Dozou eng Korrespondenz vum Stephan Polet.
arrow_back_ios
Aktuelles
Eisträichesch Autoritéiten hunn zu Ischgl vill Feeler gemaach
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
