Fräie Mikro
Kee sozialen Zesummenhalt ouni Kultur vum Zesummeliewen!
A senger Ried zur Lag vun der Natioun huet eise Premier keng Proposen iwwer d'Zesummeliewe gemaach. Et ass engersäits evident, datt mer nëmmen aus der Corona-Kris erauskommen, wa mer eis all zesumme solidaresch un d'Consignë géint de Covid-19 halen - Lëtzebuerger, Net-Lëtzebuerger a Frontalieren. Anerersäits huele mir Lëtzebuerger et beim zesummeliewen - an haaptsächlech beim zesummen decidéieren - net esou genee mat de gläiche Rechter a Flichten. Eis Gesellschaft brauch koherent Zeechen a Richtung Zesummegehéieregkeet. Dës Kris ass eng eenzegaarteg Geleeënheet dofir, mengt am Fräie Mikro d'Laura Zuccoli, Presidentin vun der ASBL ASTI, der Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés.