Déi zweetgréisst Stad vum Land steet virun engem urbanistesche Wandel. Nieft dem séieren Tram soll een héich performante Bus an d'Grenzregioun d'Minettmetropol nach besser ubannen. Viséiert ass d'Géigend ronderëm Villerupt, Audun an Thil. Hei gëtt bis 2035 ee Bevëlkerungswuesstem vun 80 Prozent erwaart. E groussen Deel vun de Leit, déi am neie Ballungszentrum wäerte wunnen, kommen op Lëtzebuerg schaffen oder och akafen, seet de Mobilitéitsminister François Bausch. Fir datt déi d'Méiglechkeet kréien och ouni Auto mobil ze dinn, gëtt elo un engem Transportmëttel geschafft, dat op d'Plaz soll passen. Am Interview mam Christiane Kleer gëtt de François Bausch Erklärungen.
arrow_back_ios
Aktuelles
E séiere Bus fir déi Escher Grenzregioun
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
