Fir déi Jugendlech ass de Präsenzunterrecht an de Schoulen immens wichteg, do si sech de Lycéesdirekter Fabrice Roth an d'Jugendfuerscherin Caroline Residori Eens. D'Corona-Pandemie géif sech op hier Wuelbefannen auswierken an d'Zukunftsängschte wiere gewuess. Mee wat déi Jonk besser informéiert wieren a sech och un Decisioune kéinte bedeelegen, wat se besser mat der Situatioun Eens ginn. Dës waren eng Rei vun den Aussoen e Freideg an engem Webinar, deen de radio 100,7 zesumme mam Koordinatiounsservice fir pedagogesch an technologesch Recherche an Innovatioun, SCRIPT, organiséiert hat. D'Pia Oppel huet déi wichtegst Aussoen zesumme gefaasst.
arrow_back_ios
Aktuelles
Prioritéit: Méiglechst vill Normalitéit
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow

Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
