De Centre pour l'égalité de traitement (CET) bräicht méi Méiglechkeete fir am Fall vun Diskriminatioun ze intervenéieren. Där Meenung sinn iwwer d'Hallschent vun de Leit am neisten Diskriminatiouns-Observatoire, enger Ëmfro, déi TNS Ilres fir de CET gemaach huet.
20 Prozent vun de Residente sinn an de leschten dräi Joer hei am Land diskriminéiert ginn - och dat geet aus dem Observatoire ervir. Wat opfält: vill Jonker soen, si wiere vun Diskriminatioun betraff. E Bäitrag vum Christiane Kleer.