Fräie Mikro
Luxembourg 2050: Buedem-Neutralitéit
Mer gesinn et all Dag, zu Lëtzebuerg gëtt gebaut an ofgerappt wei benzeg. Ob dat gutt oder schlecht ass, doriwwer streide sech d'Gemidder.
Fir déi eng sinn Kraner e Symbol vun ekonomescher Gesondheet, Vollbeschäftegung a Wunnengsbau-Krisebewältegung. Fir déi aner si se en Zeeche vun Spekulatioun op Käschte vun de Mannerbemëttelten a Buedemlosen, Patrimoine-Zerstéierung, Landschafts-Zersiedelung oder Versigelung vu Buedem.
Wéi steet et dann ëm de Buedemverbrauch zu Lëtzebuerg? A wier et vu Virdeel den nationalen Landverbrauch ze drosselen?
E Fräie Mikro vun der Pascale Junker