Déi däitsch Politik plangt de Shutdown bis an de Mäerz eran ze verlängeren. Och wann nach keng konkret Date genannt ginn, gëtt awer och iwwer éischt Lockerungen nogeduecht. Besonnesch d'Schoulen a Crèchë missten als éischt nees opgoen - fir d'Bildung an d'Zukunft vun de Kanner ze garantéieren.
Hannergrënn vun eisem Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch.