PanamaPapers, ParadisePapers oder nach d'Ibiza-Äffär, de Frederik Obermaier war schonn u villen Recherchë bedeelegt, déi international ee groussen Impakt haten. De Investigativ-Journalist vun der Süddeutsche Zeitung, Joergank 1984, huet och elo un den OpenLux-Recherchë matgeschafft.
Am Interview mam radio 100,7 erkläert hie seng a Approche a kritiséiert, wéi déi Lëtzebuerger Politik zum groussen Deel mam Dossier OpenLux ëmgeet. Detailer: Christiane Kleer