Affekote sinn ee wichtegen Uspriechpartner fir Clienten, déi hei am Land eng Societéit hunn oder wëlle grënnen. D'selwecht wéi Banken an Notairë mussen och Affekoten d'Anti-Geldwäsch-Bestëmmunge respektéieren: Dozou gehéiert, fir d'Identitéit vun de Clienten an den Ursprong vun de Suen ze iwwerpréiwen.
Wéi gewëssenhaft ginn dës Kontrolle gemaach? D'Pia Oppel huet doriwwer mam Geschäftsaffekot Alain Steichen geschwat.