arrow_back_ios
Fräie Mikro
Lëtzebuerger sinn, Lëtzebuerger ginn ...
D'Unhuele vun der Lëtzebuerger Nationalitéit gëllt gemengerhand als Héichpunkt vun enger gelongener Integratioun vun all Auslänner zu Lëtzebuerg. Mee ass dat esou? Wéi vill Auslänner, déi hei wunne, ginn dann iwwerhaapt Lëtzebuerger - a firwat? Hëlleft eist Naturalisatiounsgesetz den demokrateschen Defizit vun eisem Walrecht ze behiewen? Dat freet am Fräie Mikro d'Laura Zuccoli, Presidentin vun der ASBL ASTI, der Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés.