Leschte Freideg gouf et eng Reunioun vum sougenannte Comité de Concertation, e Gremium, deen déi federal a regional Regierunge zesummebréngt, an deen zanter sechs Méint d'Mesuren am Kader vum Kampf géint de Covid-19 hëlt. Déi aktuell Situatioun bei eisen Nopere léisst e Labbere vun de Restriktiounen zou, mee d'Resultater si wäit ënner den Hoffnunge bliwwen. Esou bleiwen d'Reesaschränkunge bis no der Ouschtervakanz bestoen, an d'Kultur a Restaurante musse bis an de Mee zoubleiwen. Detailer mat eisem Korrespondent an der Belsch, de Georges Kohnen
arrow_back_ios
Aktuelles
De belschen Deconfinements-Kalenner
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
