An Éisträich fänken där Deeg zwee gréisser Experimenter ronderëm d'Corona-Pandemie un. Am Bezierk Schwaz am Tirol soll vun haut un a kuerzer Zäit bal déi ganz erwuesse Bevëlkerung geimpft ginn. Zil ass et erauszefannen, wéi d'Impfung op déi sougenannte süd-afrikanesch Variant vum Virus wierkt. E weidert Experiment vu méi grousser Envergure gëtt et dann vun e Méindeg un am westleche Bundesland Vorarlberg: Hei gëtt d'Gastronomie nees opgespaart an et däerfen Eventer mat bis zu honnert Leit stattfannen. Eng Korrespondenz vum Stephan Polet
arrow_back_ios
Aktuelles
Regional Experimenter an Éisträich
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
