De Militär-Putsch viru knapp zwee Méint a Myanmar huet och en Impakt op d'Entwécklungs-Hëllefs-Projete vu Lux-Development. D'Situatioun am südostasiatesche Land wier "ganz komplex, oniwwersiichtlech an deelweis geféierlech", esou de Gaston Schwartz, de General-Direkter vun der Agence. An dat scho virun der neier Well vu Gewalt de Weekend.
Hannergënn vum Serge Kesseler