Zanter dem Ufank vun der sanitärer Kris virun iwwer engem Joer goufen déi meeschte Mesurë géint d'Verbreede vum Coronavirus per Dekret geholl, also ouni parlamentareschen Debat. Eng ganz Rei vu Recourse goufe scho vum Conseil d'Etat analyséiert. Gréisstendeels goufen d'Mesurë confirméiert, mee dës Woch huet e Bréisseler Geriicht se all als illegal deklaréiert, an dem belsche Staat 30 Deeg gi fir alles ze legaliséieren, also an e Gesetz anzeschreiwen.
Detailer mat eisem Korrespondent an der Belsch, dem Georges Kohnen