De Jury am Derek Chauvin-Prozess zu Minneapolis huet sech gëschter Owend zeréckgezunn fir ze beroden. Déi zwielef Männer a Frae mussen elo entscheeden op dee wäissen Ex-Polizist schëlleg gesprach gëtt fir de Mord um Afroamerikaner George Floyd d'lescht Joer. De Chauvin hat dem Floyd iwwer néng Minutte laang säi Knéi an d'Genéck gedréckt, wéi de Floyd mat Handschellen op der Strooss louch. Eise Korrespondent Philip Crowther ass fir eis zu Minneapolis.
arrow_back_ios
Aktuelles
Jury am Prozess zu Minneapolis huet sech zeréckgezunn
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
