Déi riets-national Partei FPÖ an Éisträich ass zerstridden. Dobäi geet et an éischter Linn ëm d'Fro, op hir Deputéiert am Parlament eng Mask sollen undoen. Dohannert stécht awer ee méi generelle Sträit ëm d'Ausriichtung vun der Partei an der Corona-Kris, an och dorëms, op een an der Oppositioun bleiwen oder an d'Regierung wëllt.
Vu Wien, eng Korrespondenz vum Stephan Polet