Kultur
Dem Wladimir Kaminer seng "Fëscherwäisheeten"
12 min
1921 ass d'Bibliothéik vun Diddeléng opgaangen: si feiert deemno 2021 100. Gebuertsdag. Natierlech mat iech zesummen: ouni Lieser keng Bibliothéik. Dofir hunn d'Bibliothecairen e variéierte Programm zesummegestallt, deemnächst mat enger musikalescher Liesung mam Miroslav Nemec, engem Owend mam Servaispräislauréat Francis Kirps, der literarescher Revue "Drei Frauen aus Deutschland". Viru kuerzem war de Wladimir Kaminer ze Gaascht zu Diddeléng. Am Kader vun eiser Émissioun B-Radio, huet d'Kerstin Thalau sech mam russesch-däitsche Bestseller-Auteur iwwert d'"Kulturrevolutioun" ënnerhalen.