Kultur
Mobbing, Depressioun a Suizid am Zesummenhang mat Homosexualitéit
Den SEW Département Secondaire stellt eng gratis Unterrichtsmapp zur Verfügung zum Sujet Mobbing, Depressioun a Suizid am Zesummenhang mat Homosexualitéit. Baséierend op dem Romain Butti sengem Theaterstéck "Fir wann ech net méi kann", dat 2018 beim Nationale Literaturconcours den 1. Präis krut, bitt dës Mapp approfondéiert Materialien. D'Valerija Berdi huet mat der Kreatrice vun dëser Arbechstmapp geschwat. D'Vera Dockendorf ass Däitschproff a Member vun der Direction syndicale vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL. Wéi et zu dëser Unterrichsmapp komm ass, erkläert d'Vera Dockendorf.