arrow_back_ios
Kultur
Batty Weber-Präisiwwerreechung un de Pierre Joris
Dem Nomad vun der Literatur ass am Nationale Literaturzenter de Batty Weber Präis 2020 elo iwwerreecht ginn. De Pierre Joris huet als Student Lëtzebuerg verlooss, haut ass den 74-järegen Schrëftsteller weltwäit bekannt. Fir seng Poesie, seng Iwwersetzungen an awer och fir seng Ausenandersetzung mat de Sproochen. Iwwert säi Liewen a säi Wierk gëtt et vill ze soen an ass och vill gesot ginn. Valerija Berdi mat engem Resumé vun der festlecher Präisiwwerreechung.