arrow_back_ios
Kultur
Inka & Niclas: d'Lauréate vum EMoP-Award 2021
Zanter 2007 bedeelegt sech Lëtzebuerg um europäesche Mount vun der Fotografie, kuerz "EMoP". Zum Thema "Rethinking nature, rethinking landscape" si 26 Ausstellunge kräiz a queesch uechter de Grand-Duché ze gesinn. Net just a Kulturinstitutiounen, ma zum Beispill och an de Raimlechkeete vun Arendt a Medernach. D'Etüd zeechent zanter 2012 dann och ee Projet mam "EMoP-Award" aus. Bei dëser 8. Editioun dee vun der schwedesch-finnescher Fotografe-Koppel Inka & Niclas. D'Kerstin Thalau mat Explicatiounen.