Kultur
Déi Jonk tëschent Wellbeing a Mental Noise
Ee Schouljoer laang ware Kënschtler an Theaterpedagogen an de Lëtzebuerger Lycéeën ënnerwee, fir an Ateliere méi iwwer d'Wënsch, d'Dreem, d'Ängschten, d'Virstellunge vu Gléck a Perspektive vu Jonke gewuer ze ginn. Dëst am Optrag vum Educatiounsministère, deen Enn Juni säin drëtten nationale Rapport iwwer d'Situatioun vun der Jugend zu Lëtzebuerg erausbréngt.
Tëschent dem 8. an dem 11. Juni presentéieren d'Rotonden de Spektakel "Wellbeing - Mental Noise", eng Aart kënschtleresch Zesummefaassung vun den Echangen an de Lycéeën. D'Kerstin Thalau huet mat der Coordinatrice Nathalie Moyen iwwer de Projet geschwat.