Kultur
"Actions/Travaux Karstiques" an der Galerie Simoncini
Den éischte Juni ass de Pierre Joris am nationale Literaturarchiv mam Batty-Weber-Präis fir säi Gesamtwierk geéiert ginn. De Lëtzebuerger Auteur a Wal-New-Yorker war dofir extra mat senger Fra vu Brooklyn iwwer de grousse Pull gereest. D'Nicole Peyrafitte, ausgebilte Gastronomin a fräischaffend Kënschtlerin aus de Pyrenäen, huet fir d'Occasioun hir Konschtaarbechten an Europa transportéiere gelooss a presentéiert se bis de 15. Juli op den dräi Niveaue vun der Galerie Simoncini. D'Kerstin Thalau iwwer d'Expo "Actions/Travaux Karstiques".